Cannabis-Legaliséierung an Däitschland: Wouranner ënnerscheet sech d'Gesetz vun deem vu Lëtzebuerg? (2024)

Och wann et a béide Länner gesetzlech Ännerunge mam Ëmgang mat Cannabis gouf, ënnerscheede sech d'Gesetzer a béide Länner dann dach däitlech.

Cannabis-Legaliséierung an Däitschland: Wouranner ënnerscheet sech d'Gesetz vun deem vu Lëtzebuerg? (1)

Ubaue vu Cannabis fir de Privatgebrauch

Ugefaangen awer mam Punkt, an deem sech Lëtzebuerg an Däitschland kloer änlech sinn, nämlech dem Ubau.

Lëtzebuerg: Hei am Land ass et jo zënter Juli 2023, also zënter deem d'Gesetz fir den Ubau a Konsum vu Cannabis gestëmmt gouf, erlaabt, doheem véier Cannabis-Planze pro Erwuessenen a pro Stot unzeplanzen an den Ertrag dovunner ze consomméieren. Wéi vill Gramm Bléien een dierf aus senge Planzen eraushuelen, ass net limitéiert, léisst sech och an der Realitéit just begrenzt kontrolléieren. An anere Wieder, d'Cannabis-Bléien, déi een aus véier Planze wärend engem Zyklus erauskritt, dierf ee privat fir sech halen a consomméieren, onofhängeg vun der Quantitéit.

Weider dierfen dës Planzen dann och just aus Som geziicht ginn an net aus Stecklingen, also aus scho klenge Planzen, déi an der Reegel vu Mammeplanze geholl ginn. D'Cannabisplanzen dierfen dann och net vun der Voie publique aus ze gesi sinn a selbstverständlech dierfen op kee Fall Kanner a Kontakt domadder kommen, weder mat de Planzen, nach dierf am Haus an der Géigend vu Kanner consomméiert ginn.

Däitschland: Ganz änlech ass dat elo zënter dem 1. Abrëll an Däitschland. Groussen Ënnerscheed ass, dass een hei op dräi Planze limitéiert ass, amplaz véier, wéi am Grand-Duché. Dëst ass allerdéngs just e marginalen Ënnerscheed, well d'Unzuel u Planze just bedéngt eppes doriwwer ausseet, wéi vill Ertrag ee mécht. Et ass d'Plaz, déi een de Planzen zur Verfügung stellt, respektiv wéi laang d'Wuesstemsphas vun der Planz ass, also wéi grouss d'Planz ass, iert se an d'Bléi geet. Virun allem mat kënschtlecher Luucht ass dëst besonnesch gutt ze kontrolléieren.

Beim Som ass et genee d'nämmlecht wéi zu Lëtzebuerg, och wat de Schutz vu Kanner betrëfft leie béid Länner op enger Linn.

Cannabis-Legaliséierung an Däitschland: Wouranner ënnerscheet sech d'Gesetz vun deem vu Lëtzebuerg? (2)

© EMMANUELE CONTINI NurPhotoNurPhoto via AFP

Konsum a Besëtz vu Cannabis

Wann et ëm d'Konsuméieren an de Besëtz vu Cannabis geet, fänken dann awer d'Ënnerscheeder un a weise mat zimmlecher Däitlechkeet, dass Däitschland a sengem Gesetz kloer méi wäit geet.

Lëtzebuerg: Bei eis ass d'Gesetz esou gereegelt, dass ee seng gedréchent Bléien, also ausschliisslech déi, déi een aus sengem Eegen-Ubau gewënnt, dierf doheem, do wou een seng Planzen och ziicht, consomméieren. Heirobber limitéiert sech de Konsum an de Besëtz dann och. Ausserhalb vu senge véier Wänn, an deenen ugebaut gëtt, ass zu Lëtzebuerg weder de Konsum, nach de Besëtz vu rekreativem Cannabis erlaabt, dat ouni Ausnam.

Dohier ass et egal, wéi vill Gramm een zu Lëtzebuerg ausserhalb vu senger Wunneng dobäi huet. Gëtt een dobausse mat ënner 3 Gramm Cannabis erwëscht, muss een awer "just nach" mat engem Protokoll vun 145 Euro rechnen, also en Avertissem*nt taxé. Do driwwer klammen d'Strofen awer däitlech an et geet och dacks viru Geriicht. Natierlech ass a bleift och de Verkaf vu Cannabis strengstens verbueden.

Däitschland: Bei eisen däitschen Nopere gesäit dëst dann anescht aus. Hei ass de Besëtz, deen een doheem dierf hunn op 50 Gramm am Mount limitéiert. Dobaussen - an dat ass de groussen Ënnerscheed - dierf een ëmmer nach 25 Gramm dobäi hunn, wat och am Verglach mat anere Länner relativ héich ugesat ass. Och de Konsum ass net nëmmen doheem erlaabt, ma och ausserhalb vu senger Wunneng.

Iwwerall dierf awer net gedämpt ginn, an der Géigend vu Schoulen, Kanner- a Jugend-Infrastrukturen, Sport-Infrastrukturen a Spillplazen ass de Konsum streng verbueden. Hei muss och en Ofstand vun 100 Meter zu der Entrée vun dësen Ariichtunge gehale ginn. A Foussgängerzonen dierf ee just tëscht 8 Auer owes a 7 Auer moies fëmmen. A Cannabis-Clubs dierf net gefëmmt ginn an et muss en Ofstand vun 200 Meter zu Kanner- a Jugend-Infrastrukturen agehale ginn.

Cannabis-Legaliséierung an Däitschland: Wouranner ënnerscheet sech d'Gesetz vun deem vu Lëtzebuerg? (3)

© ROB ENGELAAR ANP MAGANP via AFP

Wou kritt een an Zukunft säi Cannabis hier?

Lëtzebuerg: Déi eenzeg legal Méiglechkeet, zu Lëtzebuerg u Cannabis ze kommen, ouni op medezinesche Cannabis zeréckzegräifen, deen ee jo muss verschriwwe kréien, ass den Ertrag vum eegenen Ubau vu maximal véier Planzen, deen och just vun engem selwer dierf consomméiert ginn. Bléien dierfen net un aner Persoune weidergi ginn.

Däitschland: An Däitschland ginn et zwou Optiounen zënter dem 1. Abrëll. Dat wier och hei den eegenen Ubau vu maximal dräi Planzen, oder d'Kafe vu Cannabis iwwer Cannabis-Clubs. Änlech wéi beispillsweis a Spuenien, sinn dat Clibb, an deene sech Cannabis-Grower zesummendinn a Bléien an aner Produiten un hir Membere (maximal 500 Membere pro Club) weiderginn. Hei muss een natierlech 18 Joer al sinn, an Däitschland wunnen a Member am Club sinn, fir déi een och an aller Reegel e Betrag all Mount bezilt. Hei ass een dann och op 50 Gramm am Mount pro Konsument limitéiert.

Cannabis-Legaliséierung an Däitschland: Wouranner ënnerscheet sech d'Gesetz vun deem vu Lëtzebuerg? (4)

© NORBERTO DUARTE AFP

Wéi gesäit et aus punkto Autofueren nom Konsum vu Cannabis?

Lëtzebuerg: Wat beim Alkohol de Promill-Wäert ass, ass beim Cannabis den THC-Wäert, also de Wäert vum Wierkstoff vun der Cannabis-Bléi. Et ass also dee Wäert, dee gekuckt gëtt, fir ze bewäerten, ob een nach an der Lag ass Auto ze fueren, oder net. Beim THC läit dee Wäert bei 1ng THC op 1ml Blutt. Vill Leit kënne mat dësem Wäert wéineg bis guer näischt ufänken. Heizou kann ee soen, dass dëst de klengst-méigleche Wäert ass, deen een iwwerhaapt nach detektéiere kann. An anere Wieder besteet am Verkéier an sech eng 0-Toleranz-Politik. Soubal ee consomméiert huet, soll ee sech op kee Fall hannert d'Steier sëtzen, well de Wäert da garantéiert iwwer der Valeur vun 1ng THC op 1ml Blutt läit.

Däitschland: Bei eisen Noperen ass et net anescht, och hei läit d'Limitt, mat där ee beim Autofueren dierf erwëscht ginn, bei 1ng THC op 1ml Blutt. Allerdéngs gëtt hei am Moment aktiv driwwer diskutéiert, dee Wäert ze hiewen, dat op 3,5ng. Och dëse Wäert wier ëmmer nach extrem niddreg, ma Experte ginn awer mëttlerweil dovunner aus, dass bei dësem Wäert mol réischt eventuell eng liicht Wierkung beim Fuerverhale bei verschiddene Leit kéint festgestallt ginn. Hei war d'Zäitfënster bis den 1. Abrëll ze kleng, ma et wéilt een dëst awer nodréiglech an noer Zukunft upassen.

Cannabis-Legaliséierung an Däitschland: Wouranner ënnerscheet sech d'Gesetz vun deem vu Lëtzebuerg? (5)

© JULIAN STRATENSCHULTE DPAdpa Picture-Alliance via AFP

Oppassen: Zwee Länner, zwou Gesetzeslagen

Well d'Gesetzer sou ënnerschiddlech sinn, ma Lëtzebuerg an Däitschland awer unenee grenzen, dierf een op kee Fall béid Gesetzeslage matenee verwiesselen, fir béis Iwwerraschungen z'evitéieren.

Sou dierf een zum Beispill zwar an Däitschland Cannabis dobäi hunn, dat bis zu 25 Gramm wann een ënnerwee ass, fiert een domadder awer eriwwer op Lëtzebuerg, mécht een sech natierlech automatesch strofbar, an hei géif et da wéinst der héijer Quantitéit garantéiert net méi bei engem Avertissem*nt taxé bleiwen.

Ëmgedréit ass och verfuer: Sou dierf een och net vu sengem Eegen-Ertrag vu Lëtzebuerg aus an Däitschland fueren, vu dass et an Däitschland jo legal ass. Well een zu Lëtzebuerg am Moment a kengem Fall dierf Cannabis ausserhalb vu sech doheem op sech hunn, ass dëst awer och net legal an et gëtt een am Fall wou ee vun der Lëtzebuerger Police ugehale gëtt, bestrooft.

Cannabis-Legaliséierung an Däitschland: Wouranner ënnerscheet sech d'Gesetz vun deem vu Lëtzebuerg? (2024)
Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Rueben Jacobs

Last Updated:

Views: 6228

Rating: 4.7 / 5 (77 voted)

Reviews: 92% of readers found this page helpful

Author information

Name: Rueben Jacobs

Birthday: 1999-03-14

Address: 951 Caterina Walk, Schambergerside, CA 67667-0896

Phone: +6881806848632

Job: Internal Education Planner

Hobby: Candle making, Cabaret, Poi, Gambling, Rock climbing, Wood carving, Computer programming

Introduction: My name is Rueben Jacobs, I am a cooperative, beautiful, kind, comfortable, glamorous, open, magnificent person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.